episode 1

FABIEN COLAS – PRODUCER

PRODUZÉIEREN ZU HOLLYWOOD AN ZU LËTZEBUERG

De Fabien ass zu Lëtzebuerg gebuer, an huet sech iwwert déi lescht 10 Joer zu Hollywood eng Karriär opgebaut. Als Produzent vu Music Videos huet hie scho mat Artiste wéi dem Miley Cyrus, Christina Aguilera, Lil Wayne oder dem ASAP Rocky zesumme geschafft. Obwuel hien sech zu Los Angeles niddergelooss huet, zitt et hien ëmmer nees zréck heem op Lëtzebuerg.

An dësem éischten Talk verréit hie wéi den Alldag op esou grousse Produktiounen ausgesäit. Wat huet hie schonn alles mat exzentresche Stars erlieft? A wiem géif hie gär mol eng Kéier am Lift begéinen? 


episode 2

LOIC TANSON – director

ENG ROUEG STËMM AM WËLLE WESTEN

No jorelaanger Erfahrung als Filmkritiker huet de Loic de Sprong op déi aner Säit gewoot. Dräi Kuerzfilmer an e puer Dokumentairen hunn hien op dëse grousse Projet virbereed – déi opwännegst an deierste Lëtzebuerger Produktioun bis dato.

De Loic verréit eis wéi hie mat senge Schauspiller "schafft", wat ee mécht fir säin Team zesummenzeschweessen – a wéi ee bluddeg Szenen realistesch ëmsetzt!


episode 3

JACQUES MOLITOR – director

HORROR MAT HÄERZ

De Jacques Molitor huet net nëmmen e grousst Filmwëssen, mee mat zwee Feature Filmer och genuch Erfarung fir iwwer d'Handwierk vum Regieféieren an seng Schwieregkeeten ze schwätzen. Mat sengem neie Film "Kommunioun" (Wolfkin) liwwert de Jacques e spannende Genre-Mix: Horror, Coming-of-Age an Social Drama. Eppes, dat ee bis haut nach net am Lëtzebuergesche Kino ze gesi krut.

De Jacques erzielt eis wéi hien d'Erausfuerderung gemeeschtert huet, mat enger komplizéierter Diva ze schaffen – engem richtege Wollef.


episode 4

timo wagner – actor

DE KIERPER ALS WICHTEGST INSTRUMENT

Ugefaangen huet alles mam Sport. De Schauspiller Timo Wagner hat eigentlech schonn de Wee vum Leeschtungssport ageschloe, wéi et hien et op d'Bün a virun d'Kamera gezunn huet. Wéi sech rausstellt hunn déi zwou Welten awer vill méi gemeinsam wéi ee mengt.

Zur Zäit ass den Timo um groussen Ecran am spektakuläre "Läif a Séil" ze bewonneren. Eng mysteriéis Roll, déi hie bis an de klengsten Detail virbereet huet. Wéi enge kierperleche Strapazen huet hie sech fräiwëlleg ausgesat fir dës Roll? A wat ass en absolutten No-Go an der Kommunikatioun mam Regisseur?


episode 5

tommy schlesser – actor

E LIEWEN FIR D’SCHAUSPILLEREI

Wéi huet alles beim Tommy ugefaang? Als Kand huet hie schonn mat sengem Brudder (eisen Host, Émile V. Schlesser) éischt Filmer gemaach. Déi si schliisslech ëmmer méi grouss an éiergäizeg ginn, bis de Wonsch säi Liewen dëser Passioun ze widmen, net méi ze ennerdrécke war.

Den Tommy erzielt eis wéi schwéier et heiansdo ass als Schauspiller d'Familljeliewen an de Beruff ënnert een Hutt ze bréngen; wéi hie virun engem Dréi zum "Rodeo-Stéier" gëtt; a wat mengt den Tommy eigentlech, wann hie seet hie wier "am Tunnel"?


episode 6

FéLIX KOCH – Director

E SUPERHELD AM REGIEFÉIEREN

De Félix Koch ass deene meeschte Lëtzebuerger als d'Regietalent hannert dem Succès vum "Superjhemp Retörns" bekannt. Säi Kachkéis-gedriwwene Superhelden Epos huet 2018 fir vill gutt Stëmmung an de Lëtzebuerger Kino's Säll gesuergt.

Wéi een effizient schafft, seng Visioun trotz Stress an Zäitdrock duerchsetzt – a wat ee mécht wann den Haaptschauspiller sech e Messer duerch d'Hand stécht  – dat verréit eis de Félix eis an dëser Episod!


episode 7

AMANDINE KLEE – CINEMATOGRAPHER

D’MUSIKALITÉIT VUN DER KAMERALËNS

Wéi d'Amdandine Klee als Teenager déi éischte Kéier eng Kamera op der Schëller hat, stoung fir hatt seng Beruffung fest. Als Frontfra vun enger Rockband war eigentlech Musik seng éischt Passioun – wat haut e groussen Afloss huet op seng Manéier Biller ze komponéieren. Als eng vu wéinege Kamerafraen an dësem männlech-dominéierte Beruff, huet d'Amandine fréi geléiert sech duerchzebäissen, a setzt sech haut als erfollegräich DP an, Gläichheet an Akzeptanz um Filmset eng Normalitéit ze maachen.


episode 8

magaly teixeira – actress

NOM APPLAUS

D'Magaly Teixeira ass eng spannend Kënschtlerin mat ville Facetten. Och wann een d'Magaly als Energiebündel bezeechne kann, deem seng positiv Ausstralung ustécht, wëll dat net heeschen, dass hatt net och déi schwiereg Phase kennt, wann den Applaus bis verklongen ass. Dann dauchen – grad wéi bei all Kënschtler – och bei him Dämonen op.

D'Magaly schwätzt mat vill Passioun iwwert de Beruff vum Schauspiller, mee erzielt grad sou offen iwwert déi negativ Gefiller, Zweifel an Ängscht, déi mat dësem Liewensstil verbonne sinn.


episode 9

EILEEN BYRNE – WRITER DIRECTOR

EMOTIOUNE WEISEN UM SET

D'Eileen ass mat vill Leidenschaft op senge Filmsets derbäi, wou hatt och kee Problem huet heiansdo mol Emotiounen ze weisen. Wat anerer als eng Schwächt ugesinn, emfënnt hatt als eng Stäerkt. Et soll een sech net hannert enger Fassad vu Keelt a falscher Häert verstoppen.

D'Eileen kennt frësch vum Set vu sengem éischte Feature Film, der Verfilmung vum däitschen Erfolgsroman "Marianengraben". Hatt verréit eis wat hatt an dëser stresseger mee wonnerschéiner Zäit geléiert huet – wat ee Schauspiller op kee Fall soll soen – an wisou trotz Studenten-Oscar ëmmer nach eng Imposter-Stemm heiansdo dertëschent pëspert.


episode 10

david goldrake – illusionist
HOLLYWOOD SERIES

D’SPILL MAT DER ILLUSION

Eisen éischte Gaascht ënnert dem Hollywood Zeechen ass den Illusionist David Goldrake, en Entertainer par excellence. Mat enormer Selbstdisziplin a Fokus huet hie säi ganzt Liewe kompromësslos senger Konscht verschriwwen. Mir schwätzen iwwert wéi säin Dram vun enger eegener Show zu Las Vegas sech verwierklecht huet, a wéi seng "Synästhesie" hien zu neien Tricker inspiréiert. Den David scheit net zréck fir och iwwer onconfortabel Themen ze schwätzen, wéi Alteren an Doud – an dat Accident, dat hie geprägt huet.


episode 11

JEFF DESOM – Director & VFX Artist
HOLLYWOOD SERIES

VERGAANGENHEET AN ZUKUNFT

Als Regisseur an VFX Kënschtler, ass de Jeff Desom e reegelrechten Zauberer, mat engem Talent fir Biller, déi engem am Gedächtnis bleiwen. Zënter méi wéi 10 Joer ass LA dem Jeff säin Doheem, wou hie mat groussen Nimm zesummeschafft. De Jeff erzielt wéi alles ugefaangen huet, wéi hien als Teenager mam Vicky Krieps éischt Erfarungen als Schauspiller gesammelt huet; wéi hie mat e puer Kolleegen d'visuell Effekter fir den Oscar-Gewënner "Everything Everywhere All At Once" gebastelt huet; a wéi de Medium Film sech an Zukunft wäert veränneren.


episode 12

ANNE KLEIN– comedian & actress
HOLLYWOOD SERIES

RAUS AUS DER COMFORT ZONE

D'Anne fäert näischt. Obwuel hatt vun sech selwer behaapt schei an onsécher ze sinn, klëmmt hatt Owend fir Owend op d'Bün fir seng Ängscht ze iwwerwannen. Well Standup a Live Improvisatioun, si warscheinlech déi zwou "schlëmmsten" Disziplinnen déi sech eng schei an onsécher Persoun ka raussichen. D'Anne huet déi bewonnerenswäert Fäegkeet, sech ëmmer nees raus aus senger Comfort Zone ze katapultéieren.


episode 13

JERRY FRANCK – Documentary Filmmaker

DE WEE BEI D’OSCARS


De Jerry Franck ass ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, déi et bis bei d'Oscars gepackt huet! 2016 war hie bei den Academy Awards mat sengem "Chau Beyond the Lines" fir beschten Dokumentär Kuerzfilm nominéiert. Ugefaang huet beim Jerry awer alles als Steadycam-Operator. De Jerry erzielt eis wéi et war iwwert de rouden Tapis gejot ze ginn; wéi hien seng Léift zu belschem Béier an en erfollegräiche Film verwandelt huet; a wéi et war mam James Franco a Will Ferrell Fänkches ze spillen!


 Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

episode 14

LUKAS GREVIS – Director

EINFACH JUST MAACHEN!


De Lukas Grevis gëtt Vollgas. Déi meescht schwätze vill an téinen déck – wärend de Lukas einfach mécht. Mat 25 Joer huet hie schonn seng éischt 2 Feature Filmer an der Këscht! Dat muss ee mol fäerdeg bréngen.

Den éischte Film, "D'Land am Schiet" (am Optraach vu Respect.lu) ass eng Etude iwwert eng Gesellschaft déi sech radikaliséiert. Fir säin zweete Film, e Roadmovie, huet de Lukas mat quasi null Budget seng jonk an hyper-motivéiert Crew queesch duerch ganz Europa geleet.


episode 15

KEN BARTHELMEY – CREATURE DESIGNER

MONSTERS & BLOCKBUSTERS


Kaum ee Lëtzebuerger schafft u sou ville risegen Hollywood Blockbuster wéi de Ken Barthelmey. Hien erschaaft Monsteren a Kreaturen fir Filmer wéi Thor, Fantastic Beasts, Godzilla, Predator, Pokémon, Maze Runner, Aquaman... a ville méi.

De Ken erkläert wéi hien et fäerdeg bruecht huet, seng Visioun ze erreechen; wisou et haut ëmmer nach wichteg ass mat Stëft op Pabeier ze schaffen; a fir wéi ee Film de Guillermo del Toro hien héchstperséinlech recommandéiert huet.