episode 9

EILEEN BYRNE – WRITER DIRECTOR

FILM ASS EMOTIOUN

D'Eileen ass mat vill Leidenschaft op senge Filmsets derbäi, wou hatt och kee Problem huet heiansdo mol Emotiounen ze weisen. Wat anerer als eng Schwächt ugesinn, emfënnt hatt als eng Stäerkt. Et soll een sech net hannert enger Fassad vu Keelt a falscher Häert verstoppen. D'Eileen kennt frësch vum Set vu sengem éischte Feature Film, der Verfilmung vum däitschen Erfolgsroman "Marianengraben". Hatt verréit eis wat hatt an dëser stresseger mee wonnerschéiner Zäit geléiert huet – wat ee Schauspiller op kee Fall soll soen – an wisou trotz Studenten-Oscar ëmmer nach eng Imposter-Stemm heiansdo dertëschent pëspert.